Stechwuert: VU3.
Datum: Mettwoch 31.05.2017, 08:10.
TLFA 2-1, TSF 1-1, 4 Mann, 2 Asaatzstonnen.

Kuerz no 8 Auer gouf den CIS Schieren op een Autoaccident op der B7 tescht Ettelbreck an Schieren geruff. Heibei gouf eng Persoun méi uerg blesséiert. Bei engem Iwwerhuelmanöver gouf een Auto vun engem Camion iwwersinn, as mat desem kollidéiert an doduerch op Géigenbunn geroden wou et zu enger weiderer Collisioun mat enger Camionnette koum. Niewt den Schierener Pompjeeën war och nach den Asaatzzenter Ettelbreck mat HLF an Ambulanz, souwéi Police an Ponts et Chaussées op der Plaatz.