Stechwuert: G1 Uelegspuer.
Datum: Donneschdeg 10.08.2017, 14:25.
TLFA 2-1, TSF 1-1, 5 Mann, 2,75 Asaatzstonnen.

Am Nometteg gouf den CIS Schieren op eng Uelegspuer tescht Schieren an Steeën geruff. Et sollt sech erausstellen dat een Traktor Hydraulikueleg verléieren géif an nach emer am Feld stoen géif. Op der enger Seit huet eng Ekipp vun eisen Pompjeen dem Bauer gehollef sein Problem um Traktor ze behiewen an dobei den auslaafenden Ueleg opgefaang während eng aaner Ekipp alt mam Botzen vun der Strooss ugefaangen huet. Et gouf festgestallt dat des Uelegspuer sech vun Cruuchten bis op Schieren zéihen géif. Den CIS Colmar-Bierg gouf dunn als Renfort nogeruff. Merci hinnen fir hier kolleegial Hellef.