Och dest Joer hun d’Schierener Pompjeen traditionnel d’Buerg gebrannt. Wéi schons déi Joeren virdrun, haten mir ons dest Joer rem eng nei afaalen gelooss an sou gouf des Joer eng richteg Buerg gebaut. Vun Mettwochs bis Sonndes hun mir an etlechen Stonnen daat gebaut wat duerno an e puer Minuten verbrannt as. Des Buerg gouf vun den “groussen” Pompjeen an den Juugendpompjeen zesummen gebaut. Och den traditionnellen Iertsenbulli hat rem relativ vill Leit am Nometteg an den Pompjeesbau gezunn.

Een groussen Merci geet un all déi Betriiber déi eis materiell ennerstetzt hun, virun allem d’Firma’en Willy Putz, Di Cato an Toitures Schroeder an natierlech och all Schierener Awunner déi eis ennerstezt hun wéi mir ophiewen komm sin.

Hei fannt dir Foto’en an Video’en vun der Buerg 2017