TLFA2-1

Den eenzegen Camion vum CIS Schieren gouf am Joer 1993 als TLF 2000 (Tanklöschfahrzeug mat 2.000l Waasser, 200l Schaummettel) vun der Firma Vanassche op engem Mercedes Unimog ausgeliwwert. Nodeems den TLF ouni Gréisser Problemer wärend méi wéi 20 Joer an den Asaatz koum, gouf am Joer 2015 ugefaangen den Camion ganz emzebauen: Den Schnellugreff gouf ausgebaut, den Héichdrockugreff gouf iwert der Pompel agebaut, am G2 (Geräteraum viir op der Baichauffeursait) krut een Regal wou genormten an der Mooss 600x400mm dranpassen, op den Daach koum eng Kescht fir weidert Material, d’Otemschutzhalterungen goufen op d’Moossen vun deenen neien 6,8l (am Plaatz 8l virdrun) adaptéiert, etc.

 

Duerch des Embaumoossnahmen war et méiglech e ganzen Koup neit Material ze laageren, wat virdrun net méiglech war. Dest Material gouf zum ganz groussen Deel iwert déi lescht 3 Joer ugeschaaft. Dozou zielen enert anerem: Schlauchkierf, Schlauchpaket, nei Hohlstrahlrohre, Atemschutznotfalltasche, Rauchschürze, Material fir Autosaccidenter (Stabilisierungsmaterial Stab Pack, Koffer fir Glasmanagement,…), Material fir Fuite’en oofzedichten, Spineboard, Schaufeltrage, Schleifkorbtrage, etc.

 

Gleichzeiteg gouf Ufank vum Joer vum 2016 den neien Digitalfunk Renita agebaut an den Camion haut gemäß der neier AAO („Alarm- und Ausrückeordnung“) vun der ASS (Administrations des Services de Secours) sein neien Numm als TLFA2 (Tanklöschfahrzeug Allrad vun der Kategorie 2) kritt.

 

Am Mee 2017 gouf dunn déi lescht Etapp vum Komplettembau ofgeschloss, nämlech een komplett neien Design duerch Foléieren.

Trotz sengem Alter wärt den TLFA2 eis secher nach e puer Joer kenen trei Dingschter leeschten. Trotz allem wärt den CIS Schieren zesummen mat der Gemeng an dem neien établissement public vun den Rettungsdingschter, dem CGDIS (Corps Grand-Ducal d’Incendie et de Secours) an noer Zukunft mussen sech Gedanken iwert een Remplacement vun eisem Camion maachen.

 

Hei fannt dir eng Rei Fotoen vum Embau.