Freides den 17ten Februar hat den Centre d’Incendie et de Secours Schieren seng Generalversammlung vum Joer 2016. Nodeems den Kommandant Jérôme Kayser een Reckbléck iwert dat vergaangengt Joer an déi zahlreich Aarbechten déi vun eisen Memberen geleescht gin sin (virun allem den Embau vum TSF) war et um Aktivitéitsbericht an dem Bericht iwert Asätz an Übungen. 2016 war virun allem geprägt vun engem Groussbrand zu Ettelbreck an der Naturkatastroph am Aerenzdall wou eisen Corps wärend honnerten Stonnen gefuerdert war.

Och eis Juugend haat 2016 een vollen Programm. Mir hun bei deser Geleenheet awer och eisem laangjähregen Juugendleeder Tom Gries Äddi gesot deen no méi wéi 40 Joer Pompjeen dem aktiven Dengscht den Reck dréint. Een groussen Merci fir alles wat hien fir eisen Corps gemaach huet.

Mir hun awer och vun deser Gelenheet profitéiert fir een Don fir een gudden Zweck ze maachen.

Hei fannt Diir den Link vun eisem Reckbleck iwert Joer 2016