Mettwochs den 15ten März haaten mir eng vun den obligatoreschen Otemschutzübungen fir dest Joer. 16 Leit hun wärend 2 Stonnen een Hindernis- an een Geschecklechkeetsparcours ennert Otemschutz absolvéiert. Des Übung sin immens wichteg fir eis Pompjeen beschtméiglech drop fiirzebereeden wat an engem Eeschtfall op si kann duerkommen.