Samsdeg, den 27ten Mee organiséieren d’Schierener Pompjeeën hier Porte Ouverte an dëst ab 10 Auer am Pompjeeësbau, 15 rue du X Septembre. Profitéiert vun deser Geleenheet fir ären Feierläscher kontrolléieren ze loossen (soll all 2 Joer gemaach gin) oder fir Iech iwert Rauchmelder, Feierläscher, Läschdecken, etc. ze informéieren. Dir kénnt des Produit’en och direkt op der Plaatz kaafen wou een Fachmann vun der Firma Stoll Iech mat Rot an Dot zur Seit steet. Sollt Dir desen Daag verhennert sin, dann kennt Dir ären Feierläscher/Rauchmelder och am Viiraus bestellen an zwar per Mail op info@spschieren.lu oder enert der Nummer 817971.

Soss um Programm steet nach Austellung vun verschiddenem Material an Gefierer, d’Méiglechkeet den Emgang mat Feierläscher um Fire Trainer ze üben an verschidden Démonstratioun’en, ennert anerem eng Virféierung vun den Fielser Pompjeeën déi Iech weisen wéi Verletzer bei engem Accident méiglechst schnell mee awer och méiglechst schounend aus hierem Auto gerett gin (Start: 14 Auer).

Fir Iessen an Drenken as natierlech den ganzen Daag iwer beschtens gesuergt.