Samsdeg den 27ten Mee haaten d’Schierener Pompjeen eng Porte Ouverte organiséiert. Niewt Material vun eisem Corps an verschidden Corps’en niewendrun wéi Angelduerf, Colmar oder Ettelbreck an enger Übung vum Sauvetage aus der Fiels, konnten d’Leit op desem Daag bei eis hier Feierläscher kontrolléieren loossen, respektiv een neien kaafen. E ganz Rei vun Schierener Awunner hun vun deser dach wichteger Geleenheet profitéiert fir sech an Punkto Secherheet fir hiert Doheem ze informéieren. Den ganzen Daag iwwer war natierlech fir Iessen an Drenken beschtens gesuergt. E groussen Merci un all déi Leit déi eis op desem Daag besichen komm sin.

Foto’en vun eiser Porte Ouverte fannt dir deemnächst hei.